Iwwer d’Sektioun Natur- a Vullschutzveräin Ieweschte Syrdall
D’Sektioun Natur- a Vullschutzveräin Ieweschte Syrdall besteet aus Fräiwëllegen, déi sech fir den Naturschutz asetzen. Mir engagéieren eis fir d’Erhale vun der Biodiversitéit an den Aarteschutz an enger eenzegaarteger Natur- a Kulturlandschaft. Dëst maache mir an eise Membersgemengen Niederanven, Contern, Schëtter, Sandweiler a Weiler-la-Tour.
Fir dat Ziel ze erreechen, organiséiere mer dat ganzt Joer iwwer Aktivitéiten a Weiderbildungen zum Thema Naturschutz (Chantiers Nature, Vulleberéngungen, geféiert Wanderungen, Uplanzungen, Nistkastenkontroll a villes méi…), bei deenen interesséiert Bierger häerzlech wëllkomm sënn.
Mir bidden och vill familljefrëndlech Féierungen an Naturschutzgebiet Schlammwiss un. Ausserdeem sti mir gäre jidderengem mat Rot an Dot zur Säit.
Des weideren sensibiliséiere mir d’Bierger aus eise Membersgemenge wéi si sech selwer bäi sech doheem kënnen fir de Vullschutz asetzen. Dëst maache mir an deem mir nieft de gewéinlechen Nistkaste fir Spatzen a Meesen och méi speziel Nistkaste fir méi grouss Villecher wéi zum Beispill Schleiereilen ubidden.
Mir setzen eis net nëmme fir den Naturschutz an, mee mir wëllen och deenen Interesséierten d’Freed an de Genoss un der Natur méi nobréngen.
Falls Dir interesséiert sidd un eisen Aktivitéiten deelzehuelen oder Froen am Zesummenhang mat der Natur hutt, fannt Dir eis Kontaktdaten an Aktivitéiten hei um Site.